Am November an Dezember, sinn am Kader vum Pé op 7e a 6e Klassen eng Réi vu Workshops iwwert den Timemanagement geleet ginn.
De Projet d'établissement huet jo als Ziel den Athleten/Schüler Méiglechkeeten ze bidden, déi et hinnen erméiglecht eng erfollegräich duebel Karriär, also déi optimal Kombinatioun tëscht Schoul a Sport, ze erliewen. Do ass d'optimal Notzung vun der knapper Zäit déi engem mat der Schoul an dem Sport nach bleift, eng wichteg Kompetenz.
Dofir ass et dem Sportlycée am Kader vum Projet wichteg, den Athleten/Schüler en Workshop iwwer Timemanagement unzebidden. An dem Workshop geet et drëms ze verstoen, wat Zäit iwwerhaapt ass a wéi een d'Zäit moosse kann. Et gëtt sech och d'Fro gestallt, wat een perséinlech dovunner huet seng Zäit besser ze notzen a wien oder wat engem Zäit ofhëlt. No all dëse Froen, déi mat den Athleten/Schüler ausgeschafft ginn, geet et drëms Konklusiounen ze zéien an den néidegen Outil opzestellen deen engem erlaabt en besseren Iwwerbléck iwwert seng Zäit, déi engem ginn ass, ze kréien. Do gëtt dann an enger éischter Phase e Wocheplang opgestallt deen duerno an enger nei entwéckelter APP kann integréiert ginn.
Zäitmanagement ass eng ganz wichteg Kompetenz déi de Sportlycée bei sengen Athleten/Schüler entwéckele well. Dofir ass dëst och e Bausteen vum Projet d'établissement Dual Career.