Den 29 Oktober huet de Sportlycée, am Kader vun sengem Orientatiounsprogramm vun den Schüler, eng Konferenz zum Thema "d'Aarbechtswelt vun muer - Chancen an Perspektiven fir déi Jonk" organiséiert. Ugeschwat goufen ganz besonnesch d'Schüler vun der 8e, 9e an der 3e bis 1e an hir Elteren. Net manner wéi 100 Leit hunn Interêt gewisen an hunn den invitéierten Experten nogelauschtert an mat hinnen diskutéiert. Den Experten-Panel war aus folgenden Persounen zesummegestallt:
- Monsieur Antonio de Carolis, Directeur à la Formation professionnelle, Ministère de l'Education nationale de l'Enfance et de la Jeunesse
- Madame Iris Hoffelt, conseillère en formation, Chambre de commerce
- Madame Stéphanie Damgé, Directrice, Jonk Entrepreneuren
- Monsieur Marcel Baumann, "Matcher" de la Cellule "Conseillers à l'apprentissage", Chambre des Métiers
- Monsieur Constantin Jacques, Président, Jong Handwierk
An der Diskussionsronn gouf fir d'éischt eng Bestandsopnam vun der aktueller Situatioun vum Aarbechtsmarché gemaach, ier et dann iwwert déi eventuell Situatioun vun muer agaangen ginn ass. Uschléissend gouf iwwert d'Kompetenzen vun muer diskutéiert. Den Schüler an Elteren goufen vill Ureegungen mat op den Wee ginn, déi hinnen an hirem schouleschen Choix wäerten zegutt kommen. Den Sportlycée seet jidderengem Merci deen zum Erfolleg vum Owend bäigedroen huet.