De 15ten Dezember huet de Grupp vum Sport+ déi éischten Editioun vun der Chrëschtfeier an der Geschicht vum Sportlycée organiséiert.
D´Schüler duerften sech am Laf vum Moien a verschiddenen, flotten Atelieren ausprobéieren. A Begleedung vun etleche Proffen hunn sie hiert Wëssen iwwert Chrëschtdag, sief et bei Denkaufgaben oder kniwwelege Quizer ënner Beweis gestalt. Natierlech war och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. An hei konnten sech déi nach esou sportlech Schüler ënner anerem och emol eppes Séisses gënnen, fir d´Feierdeeg anzestëmmen. E grousse Merci gëllt och deene Sponsoren, déi eis op dem Dag ënnerstëtzt hunn. Zousätzlech si Bastelaarbechten op eenzele Stänn verkaf ginn. Des Weidere konnt een sech den Dag och als Stammzellenspender bei de Responsabele vum Plooschterprojet enregistréiere loossen. Et war alles an allem eng ganz flott Ambiance an enger 2ter Editioun steet näischt am Wee. Den Haaptdeel vum Erléis vun der Chrëschtfeier ass fir e gudden Zweck a kennt dëst Joer och dem Plooschterprojet ze Gutts.
Informatiounen zum Plooschterprojet fann der an der Annexe.