All Joer organiséieren d’Staadter Muséeën eng Semaine Jeunes Publics déi ënnert dem Motto Experience Musée steet. Dëst Joer huet d’7O2 vun der Offer am Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean (Mudam) profitéiert. Bei der Visite vun der Expo Art & Me hunn sech d’Schüler Konschtwierker eraus gesicht iwwert déi si dono an Ateliere geschafft hunn. Déi eng hu kleng Filmer gedréit, déi aner hu sech mat Schrëft befaasst an dee läschte Grupp huet Zeechnunge gemat. Hir Oeuvren kann een elo am Original an hirem Klassesall bewonneren.