D’Schüler*inne vun der 2eC waren den 3. Juli eng zweet Kéier an de Scienteens Lab; dës Kéier fir un engem Workshop zum Thema Kriibs deelzehuelen. Si konnte mat menschleche Kriibszelle ënnert sterile Konditioune schaffen. Déi vun hinne kultivéiert Zelle missten dunn ob hier Liewensfäegkeet ënnersicht a gezielt ginn, éiert hier Ierwinformatioun vun de Schüler*innen isoléiert a quantifizéiert gouf.