Den 1. Juli waren d'traditionell Ofschlossmatcher vun der Klass 5G géint Proffen a Personal. No 3 Joer geet d'Zäit vun de Schülerinnen a Schüler am Sportlycée op en Enn a virum Wiessel an en anere Lycée wollten si namol weisen, wat si alles geléiert hunn. Dësen Challenge ass hinne gelongen, och wann et ganz enk ginn ass. An engem faire Match konnt d' 5G schliisslech mat 11:10 d'Uewerhand behalen.
Mir wënschen Iech Bonne Chance a vill Erfolleg op ärem weidere Wee a Schoul a Sport !