Den Donneschdeg, den 18. Juni, huet zu Dikrech de LASEL-Aquathlon stattfonnt. Bei de Minime stoungen 100 Meter Schwammen an 800 Meter Lafen um Programm. Eis Athletinnen an Athlete konnten dobäi mat ganz gudde Leeschtunge glänzen.
Bei de Minimes Meedercher gouf et Grond fir ze feieren. D'Nora Simon huet sech déi éischt Plaz geséchert, wärend d'Olivia Kohn exzellent 2. ginn ass.
Och bei de Minimes Jongen huet de Raphael Scharfe seng Course gewonnen an domat déi éischt Plaz erreecht. Den Emil Goergen ass mat enger staarker Leeschtung den 3. ginn.
Zousätzlech hunn och den Eden Bernasconi, de João Keller an den Dwayn Schmitz mat gudde Resultater iwwerzeegt an zu engem gelongenen Optrëtt vun eisem Lycée bäigedroen.
Gratulatioun fir déi super Leeschtungen. 👏🏊♂️🏃♀️🏅