Wat fir eng Leeschtung vun eise Fussballerinnen!
Ouni Géigegoal hu si sech bis an d'Finale gekämpft. No engem 0:0 géint de Lycée Belval ass d'Decisioun am Elfmeter-Schéisse gefall, wou mir dank zwee gehalenen Elfmeter vum Nuriyah d'Iwwerhand behalen hunn an den Titel mat heem geholl hunn!
E grousse Merci un d'Nuriyah, d'Emma, d'Lorie, d'Lou, d'Kathi, d'Charlotte, d'Lucy an d'Lina fir hire staarken Asaz!