D'Wieder huet gehalen, och wann de Wand net ëmmer einfach ze geréiere war. Staark Géignerinnen a Géigner an e ganz gudden Niveau iwwer de ganzen Tournoi.
Bei de Meedercher gouf et de Championstitel no enger spannender Finall géint den LCD, nodeems si virdrun nach géint dee selwechte Géigner verluer haten.
D'Jongen hunn an der Véierelsfinall géint de spéidere Gewënner, den LN, verluer.
Gratulatioun un all d'Spillerinnen a Spiller fir hire flotte Fair Play an e grousse Merci fir ären Asaz!
🏐👏☀️