Eis Handballerinnen hunn de LASEL-Beachhandballturnéier souverän gewonnen, nodeems si sech an der Finall kloer mat 10:3 géint den LHCE duerchgesat hunn. Wéinst de Wiederkonditiounen huet den Tournoi missen an d’Hal verluecht ginn. Gléckwonsch un eis Meedercher fir dës staark Leeschtung! 🏆👏