Vum 20. bis den 29. Abrëll 2026 huet zu Skopje a Nordmazedonien d’ISF Handball World Championship stattfonnt. Follgend 11 Spiller hunn de Sportlycée representéiert: Amory Meunier, Teo Wener, Pierre Moris, Elias Reding, Jemp Schulté, Félix Meyers, Felix Goedert, Lucca Barone, Jo Lambert, Kebin Ye, Noah Paulus.
D'Jonge sinn an d'Poul C geloust ginn, zesumme mat China, Schweden, Serbien an Zypern. Virausgesot war, datt virun allem Schweden a Serbien als staark Favoritten an dëser Grupp géifen optrieden.
Den Tournoi huet fir d'Ekipp direkt intensiv ugefaangen: Schonn um éischten Dag stoungen zwou Partien um Programm. Am éischte Match géint China hunn d’Jongen eng iwwerzeegend Leeschtung gewisen. Vun Ufank un haten si d’Kontroll iwwer d'Partie a konnten sech um Enn kloer mat 40:23 géint de chineeseschen Handballexot duerchsetzen.
Nëmmen e puer Stonnen drop ass et awer schonn an déi nächst Partie gaangen – géint déi kierperlech staark Schweden. Trotz enger engagéierter Leeschtung hunn sech d’Lëtzebuerger mat 21:27 misse geschloe ginn. Den enke Spillplang an déi héich Intensitéit vum éischte Match waren dobäi sécherlech net ouni Afloss.
Och an der drëtter Partie géint Serbie stoung eng grouss Erausfuerderung un. D'Ekipp huet sech couragéiert gewisen a konnt de ganze Match iwwer d'Partie ausgeglach gestalten. Nom drëtte Match innerhalb vu 24 Stonnen huet d'Kraaft an di mental Kapazitéit awer zum Schluss gefeelt a mir hunn eng batter an ze héisch 28:34 Néierlag missen akzeptéieren.
Am leschte Gruppematch géint Zypern hunn d’Jongen nach eng Kéier hier Leeschtung ënner Beweis gestallt. An enger spannender Partie konnten si sech mat 26:24 duerchsetzen a sech esou eng gutt Ausgangspositioun fir d’Placéierungsmatcher sécheren.
An de Placéierungsmatcher stoung fir d’éischt de Match géint déi kierperlech iwwerleeë Republika Srpska (Bosnien) un. Trotz enger gudder Leeschtung hunn sech d'Jonge leider um Enn kloer misse mat 25:35 geschloe ginn. Trotz där Néierlag huet d’Ekipp awer eng staark Reaktioun gewisen, sech net ënnerkréie gelooss an an der leschter Partie vum Tournoi nach eng Kéier e kloert Zeeche gesat.
Géint Griicheland hunn d’Jongen an engem spannende Match bis zum Schluss gekämpft a sech mat enger knapper, awer verdéngter 24:23 Victoire duerchgesat. Hei konnten si sech endlech belounen an hu bis zum Schluss e klore Kapp behalen.
Am Gesamtklassement placéieren eis Jongen sech op déi 11. Plaz vun 21 Ekippen.
Si hunn zu Skopje iwwer déi ganz Dauer vum Tournoi eng staark an engagéiert Leeschtung gewisen a bis zum Schluss gekämpft. Eng Participatioun, déi net nëmme wäertvoll Erfarung bruecht huet, mee och gewisen huet, datt Lëtzebuerg am internationale Verglach mathale kann.
Mir gratuléieren de Jonge fir hir super Leeschtung.