Grousse Succès fir eis Basketballspiller 🏀: Beim 3x3 konnten eis zwou Equippe gläich duebel iwwerzeegen. Ënnert insgesamt 28 Equippe goufen et eng verdéngten 1. an 2. Plaz.
Béid Equippen hu wärend dem ganzen Turnéier vill Asaz, Teamgeescht a staark spilleresch Leeschtunge gewisen. Mat séierem Zesummespill, séchere Wërf a vill Kampfgeescht hunn si sech Ronn fir Ronn géint déi aner Lycéeën duerchgesat 🔥.
An der Finall koum et schliisslech zu engem schoulinternen Duell, bei deem béid Equippen nach eng Kéier hiert Kënne gewisen hunn. Um Enn gouf et eng verdéngte Victoire an eng exzellent zweet Plaz fir eis Schoul 🥇🥈.
Felicitatiounen un all d'Spiller fir dës staark Leeschtung! 👏