Den Donneschden, den 29. Januar, ass d’Jongenekipp Sportlycée-Basket am leschten Tour ugetrueden fir ISF Champion ze ginn.
Déi éischt Halleffinal géint Ecoles Européennes war en haarden Challenge, deen an de leschten zwou Minutten awer sécher gewonne gouf. An der Finall géint de Lycée Nic Biever hunn d’Jongen séch laang schwéier gedoen an zum Schluss verdéngt gewonnen.
Lo sinn si qualifizéiert fir d'World School Basketball Championchips, déi vum 13. bis den 22. Juni zou Zlatibor a Serbien stattfannen.
Bravo alleguer!