Den Donneschden, 20. November, huet eis Basketsjongenekipp um ISF Qualifikatiounsturnéier fir Belgrad deelgeholl. An eiser Poule war den éischte Match géint de Lycée Belval. Dëse Match vun 2x10’ war einfach an ass kloer gewonne ginn.
Den zweete Match hate mir géint den Athenée an dat war schonn en anere Kaliber. No enger chaotescher 1. Hallschent, hunn d’Jongen dunn an der 2. Hallschent sech lues awer sécher ofgesat an si domat éischt an eiser Poule ginn. Felicitatiounen!
De leschten Tour ass den 29.1. an d’Halleffinall an d’Finall ginn een haart Stéck Aarbecht. Bonne Chance a Merci fir d’Matmaachen.