Sechs Schüler*innen aus dem Sportlycée haten d'Geleeënheet bei der Visitt op Auschwitz, déi vun den témoins de la deuxieme génération organiséiert gëtt, dobäi ze sinn.
Dës Zeien aus der zweeter Generatioun sinn d’Kanner vu Leit, déi d’Shoah iwwerlieft hunn. Si droen d’Geschichten an Erënnerunge vun hire Famillje weider, domat déi systematesch Verfollgung an Ermordung vun den europäesche Judden wärend dem Zweete Weltkrich net vergiess gëtt.
Op der Rees hunn d’Schüler*innen déi historesch Plazen zu Auschwitz an Auschwitz-Birkenau besicht. Si hunn eng detailléiert Erklärung krut iwwer d’Lager, d’Liewensbedingungen an de System vu Verfollgung deen d’Nazien opgebaut haten. Mëttes konnten d'Schüler dat wat si erlieft hunn a verschiddenen Workshops opschaffen.
Dës Sortie soll d’Jugend sensibiliséieren an hinnen d’Bedeitung vun der Erënnerung méi no bréngen, fir datt deen Deel vun der Geschicht sech ni méi widderhëlt.