Eist Team huet um Cadets-Mixte-Championnat am Volleyball vun der LASEL deelgeholl. Mir hunn eis géint 22 Equippen duerchgesat, sou dat um Enn den Titel un de Sportlycée geet.
D’Participatioun stoung awer kuerz virum Tournoi nach op der Kipp, well mir wéinst enger Verletzung net genuch Meedercher am Kader haten. Kuerzfristeg hu sech d'Lana an d'Sienna bereet erkläert, hiert gewinnte Basket- respektiv Fussballtrikot géint e Volleyball-Trikot ze tauschen. Mat hirem Asaz an hirer Spillintelligenz hu si e wichtege Bäitrag zu dësem Succès geleescht.
E grousse Merci geet och un eis Volleyballer Bogdan, Félix, David, Mill an Ornella – ären Teamgeescht an äre Kampfeswëllen hunn dësen Titel méiglech gemaach!