Ob enger Visitt am Scienteens Lab huet d’2CC beim Workshop „Biologie 2.0 - Enzyme zwischen Laborbank und Laptop“ en Abléck an d’systemësch Biologie kritt. Si hu geléiert, wéi een um Computer Modeller generéiert a Werter domat visualiséiert a souguer viraussoe kann. Si hunn sech dofir an d’Software „CellDesigner“ erageschafft an erkannt, wéi wichteg Informatik och an Zesummenhang mat der Biologie ass. Besonnesch am Fokus stoung dat Enzym dat Laktos spléckt. Si konnten dës Reaktioun duerchféieren an domat d’Aufgab vum Enzym beweisen. Ausserdeem hunn si d'Vitess vun der Reaktioun bei verschiddene Konzentratioune gemooss an dunn hire Modell mat de Wäerter gefiedert, fir dës als Graphik ze visualiséieren.