Den Donneschden, 9ten Oktober war den éischten Tour vum Championnat am Futsal bei de Cadetten. Mat dobäi fir de Sportlycée waren d’Charlotte Bourgnon, Emma Rolles, Lilly Magnani, Lolita Pollastro, Lorie Kohll, Lou Capolungo a Nuriyah Fernandes da Costa.
Si hu vum éischte Match un, eng super Leeschtung un den Dag geluecht an näischt dem Zoufall iwwerlooss. 5 Matcher stoungen um Programm, an déi 5 Matcher hunn d’Meedercher souverän gewonnen. Dobäi kënnt dass jiddereen aus der Equipe mindestens ee Gol geschoss huet.
Domat hunn si sech fir d’Final den 13. November qualifizéiert.
Mir felicitéieren de Meedercher fir hier super Leeschtung an drécken d'Daume fir d’Final.