De Sonnden am Kader vum Walfer Vollekslaf hunn 7 Meedercher an 2 Jongen aus dem Sportlycée um Challenge Marc Savic deelgeholl.   
Bei sabbelegem a fiichtkaalem Wieder war d’Stëmmung awer gutt a jiddereen huet säi Bescht ginn. D’Meedercher hunn de Schoulchampionnat gewonnen.  Well just zwee Jongen um Start waren a véier Beschtplacéiert fir de Gewënn néideg waren, konnten si d’Gewënnerekipp net stellen.
Merci fir den Asaz an d’Matmaachen!
 
Gesamtranking Girls:
Iris Foux                       7e
Liz Mores                     8e        Gewënner Challenge Marc Savic
Olivia Kohn                  9e        Gewënner Challenge Marc Savic
Nora Simon                 10e      Gewënner Challenge Marc Savic
Elise Bock                    16e       Gewënner Challenge Marc Savic
Matilda Etringer          33e
Flo Winckel                 38e
Gesamtranking Boys :
Frédéric Kesseler        4e
Guillaume Bock           20e