Den Donneschden, 2ten Oktober, war de Relais Lasel zu Miersch am Park. De Sportlycée war mat enger Meederchers- an enger Jongenekipp dobäi. D’Staffel huet missten 6x1200m bewältegen.
Bei schéinstem Oktoberwieder sinn d’Meedercher um 3 Auer gestart an hunn als jéngst Team (fënnef 6e-Schülerinnen an eng 5e-Schülerin) ganz kloer gewonnen. Duerfir Merci dem:
Olivia Kohn
Liz Mores
Nora Simon
Julia Knapik
Flo Winckel
Lara Kornelis
Um 15h35 sinn dunn d’Jongen gestart an louchen bis den 3ten Wiessel op der zweeter Plaz. Duerno hu si sech un d’Spëtzt gesat an hire Virsprong bis zum Schluss behalen. Merci Jongen fir ären Asaz:
Sasha Mallouk
Paul Kröger
Noah da Luz
Felix Folmer
Noa Arcaro Dupont
Helminger Kayan
Domat huet de Sportlycée sech ërem zweemol duerchgesat an d’éischt Plaze mat an de Lycée bruet. Bravo!