Dësen Donneschden huet de Sportlycée och eng Meedechersekipp op Lamadelaine op de LASEL Beachhandball geschéckt, fir am Sand hir beschten Tricker ze weisen. 360° a Kempa goufen zelebréiert. Ouni feste Goali, ouni Ausswiesselspillerin an ouni Iwwerzuel am Ugrëff huet de Grupp sech an enger spannender Finall géint den Diddelenger Lycée duerchgesat. Den éischte Match ass géint déi selwecht Equipe nach verluer gaangen. D’Revanche an der Finall ze huelen ass natierlech d’Kiischt um Kuch.
Merci dem Julie, Irina, Lily a Lysa fir hir topp Leeschtung. Just positiv Aura de ganze Mëtten.