Lasel Liichtathletik
vendredi 16 mai 2025
Den Donneschden 8. Mee si mir mat 9 Liichtathleten aus dem Sportlycée bei de Laselchampionnater ugetrueden. Bei agreablen 18 Grad a liicht bewöllektem Himmel huet jiddereen op der gutt preparéierter Pist zu Ëttelbreck säi Bescht ginn.
Bei de Minimes Jongen:
- Herr Noa: 2. op 75m 9’’98; 3. am Kugelstoussen 9m75; 4. am Waitsprong 4m91
- Schuster Jéremy: 4. op 75 m 10’’63; 9. op 1000m 3:26’’81; 8. am Waitsprong 4m39
Bei de Cadets Jongen:
- Goebel Anthony: 5. op 100m 12’’34
Bei de Minimes Filles:
- Mallinger Nahla: 1. op 75m 10’’28
- Gajic Neda: 3. op 75m 10’’68
- Mores Liz: 4. op der 75m 10’’80; 3. am Heichsprong 1m50; 3. op 1000m 3:29’’27
- Etringer Matilda: 6. op der 75m 11’’09; 5. am Waitsprong 4m26; 5. am Kugelstoussen 6m41
Bei de Juniorinnen:
- Krumlovsky Gina: 2. op 100m 12’’96
Och ons Dammestaffel mat Krumlovsky, Mores, Mallinger a Gajic konnt sech kloer duerchsetzen an huet d’4x100 a 53’’43 gewonnen.
D’Léini Hau wor och do, huet sech awer leider verletzt. Mir wënschen him eng gutt Besserung a soe Bravo fir all Leeschtung a Merci allen fir d’Matmaachen!
[EasyDNNnews:ArticleMaps]
[EasyDNNnewsLocalizedText:Categories]: [EasyDNNnews:Categories separator=""]
[EasyDNNnewsLocalizedText:Tags]: [EasyDNNnews:Tags separator=""]
[EasyDNNnews:IfExists:AuthorProfile]
[EasyDNNnews:Author:RSSURL]
[EasyDNNnews:Author:Image:Width:65:Height:50:Resize:Crop]
[EasyDNNnews:Author:DisplayName]
[EasyDNNnews:Author:ShortInfo] [EasyDNNnewsLocalizedText:Otherpostsby]
STAUS Yvan
[EasyDNNnews:EndIf:AuthorProfile]
[EasyDNNnews:IfExists:AuthorGroup]
[EasyDNNnews:Author:GroupRSSURL]
[EasyDNNnews:Author:GroupImage:Width:65:Height:50:Resize:Crop]>
[EasyDNNnews:Author:GroupName]
[EasyDNNnews:Author:GroupInfo]
[EasyDNNnews:EndIf:AuthorGroup]
[EasyDNNnews:RelatedArticles]