Mir hunn als Equipe um Beachhandball-Tournoi zu Lamadelaine am LMA matgemaach a vill Spaass gehat. Et goufen eng ganz Rëtsch cool Aktiounen ze gesinn. Zwou Equippe ware méi staark, mee mir konnten eis eng gutt 3. Plaz zesumme mam Diddelenger Lycée erausspillen. Bravo fir déi flott Leeschtung a villmools Merci fir ären Asaz!