Lëtzebuergesch-Cours emol anescht. De bekannte Rapper Corbi war ee Moien onse Coach bei engem Rap-Workshop op de 4e-Klassen. Zil war et, dass jiddwer Schüler sech u seng eege Bars traut, ouni awer direkt Freestyle rappen ze mussen. Wat do alles méiglech ass, huet de Frontmann vun De Läb um Enn vum Atelier mat vill Humor gewisen. Ëmsou méi motivéiert hunn ons Schüler am nächste Lëtzebuergesch-Cours weider un hire Lines gerappt. Merci Corbi, Zil erreecht!
Inspiréiert vum Lidd ‘ech si lëtzebuerg’ vum Serge Tonnar sinn dës Lidder entstaanen:
MÄI LËTZEBUERG
Bonjour, ech sinn d'June an hu 14 Joer.
ech sinn nach jonk an hunn hell brong Hoer.
De grand-duc Henri spillt keng Roll an eisem liewen,
an de grand-duc Jean wäert och ni stierwen.
An der Staat ass kee Strummert ze gesinn,
an all d‘Léit trëppele riicht wei op enger Linn.
Gläich ginn et Kniddelen, op déi ech mech freeën,
a wärenddeem kee Fierschter den amgaangen ass, all d’Beem ëmzeseeën.
Den Niwwel moies kennt net vun der Zigaretten,
mä och wann, d'Lëtzebuerger kennen alles retten.
De Lucas Tesch ka sou schéi sangen,
wann ech dat héieren, géif ech op kee Fall vun der Bréck sprangen.
De Jempy fiert net gär duerch d'vallée des sept châteaux,
an d'Caroline Mart, dat kritt d'Kritik och gutt verdro.
Muer ginn ech an de Minett an d'Minnen,
an hoffen, dass mäin Zuch net ofkënnt vun de Schinnen.
Dir wësst, d’CFL huet et mat der Pünktlechkeet net esou,
a wärenddeem kucken ech duerch d’Fënster op eng Kou.
Och ganz bekannt, ass d‘Arbed,
mee kee versteet wat de Fred Keup seet.
,,Den Apel fält net wäit vum Stamm‘‘,
mee bei verschiddene Léit denken ech mir dann awer, O MAMM!
(June)
MÄI LËTZEBUERG
Ech si Liichtmëssdag ouni Lampion
An eng Kiermes ouni meng Hämmel
Sport ouni ee Champion
Bréitchen zu Lëtzebuerg, a keng Semmel
Onst Wieder ass ëmmer gro
An de Reen ass ëmmer schro
Ons Arméi ass kleng
Mee um Bierg sinn se oft streng
Vu Skandaler net unzefänken
Mol net bei der Caritas si mir ouni Bedenken
(Pierre)
LËTZEBUERGESCH
Ech sinn de Ben deen nach ni um Vëlo war
bei sengem Sport schonn oft louch an der Bach.
D’Lëtzebuerger ‘Heemecht’ konnt ech net sou gutt,
fir d‘ Lëtzebuerg-Prüfung hunn ech se awer gekuckt.
Ech sinn d‘Lëtzebuerger Wieder, ëmmer sonneg an ni schlecht
do gëtt mer mengen ech all Lëtzebuerger Recht.
D‘Lëtzebuerger Sprooch, sou onkomplizéiert a liicht,
trotzdeem puer Dialekter déi klénge wéi eng krazeg Biischt.
D‘Bierger zu Lëtzebuerg sou riicht,
do huet ee wierklech déi beschten Aussicht.
Ech si Lëtzebuerg, mat Ofstand dat beschte Vakanzenzil,
souguer bei eise Präisser kritt een dee beschten Deal.
(Ben)
MÄI LËTZEBUERG
Ech sinn de Max, Lëtzebuerg ass mäi Land
Do liewen ech säit, ech sinn e Kand
De Superjhemp ass laktosintolerant
Den Heng an d'Tréis hu kee Kand
Kann net schauspillere sou wéi d’Nosbusch
An hu keen Uebst ewéi de Grosbusch
Huet een eppes verschass
Heescht et NONDIKASS
(Max)
Ech sinn de Félix, tatsächlech Lëtzebuerger net Marokkaner.
ech weess net wéi se drop kommen, all déi aner.
Mäi ganzt Liewe sinn ech schonn hei,
sou wei de Frieden vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei.
D'Lëtzebuerger Politik ass dach net eescht ze huelen,
d'Hallschent vun deenen ass dach net mol hei gebueren.
Dat war e klenge Witz, well ech sinn op kee Fall riets.
Hei zu Lëtzebuerg hu mir eng Dose möchtegern Rapper wéi de Charel Kirtz.
(Félix)
MÄI LËTZEBUERG
Ech sinn d’Daphné a kommen aus engem grousse Land
Eis Autoe si kleng, eis Sprooch bekannt
Am Mäerz ginn ech op d’Schueberfouer
An kréie fir e gudde Präis Gromperekichelcher
Hoffentlech gesäit mech beim feiere keen
Well dat mécht hei zu Lëtzebuerg soss iwwerhaapt keen
Freides owes ass jiddereen doheem
An geet fréi schlofen a sengem Haus aus Leem
An der Schoul léiere mir eis Sprooch, wat e Genoss
An eise Kapp eragetrommelt als wier et eng Noss
All déi aner Fächer hunn de Koeffizient eent
Well Lëtzebuergesch steet op Nummer eent
Am Minett war emol d’Arbed
D’Minnenaarbechter haten do hier Freed
Dag an Nuecht richt et do gutt
Nach besser säitdeem de Mittal d’Industrie krut
(Daphné)