Mir vun der 4C3 hunn den 29. Januar een Dag am MUDAM verbruecht. Am Musée krute mir vun engem Guide d‘Ausstellung „Songs for Gay Dogs“ vum Cosima Von Bonin presentéiert. Op dëser Ausstellung, déi sech haaptsächlech em Cartoon- an Déierenfiguren aus eiser Kandheet dréint, krute mir een Abléck op dem Cosima Von Bonin hier Wierker aus de leschten 10 Joer. Dono krute mir een Abléck op d‘Ausstellung „Radical Software“, déi aus de Wierker vun iwwert 50 Kënschtlerinnen a Kënschtler zesummegestallt gouf. Zum Schluss dierfte mir dunn nach un engem Workshop deelhuelen an eiser eegener Kreativitéit fräie Laf loossen. Merci un d‘Équipe vum MUDAM, déi eis sou léif wëllkomm geheescht huet an eis den Dag erméiglecht huet esou ze gestalten.
Anna Breisch & Enzo Agostino 4C3