Mir si frou, dass mir och dëst Joer eise Schüler a Schülerinnen am Kader vun der Matinée des Professions e spannenden Abléck an d’Aarbechtswelt erméigleche konnten!
Dëse Moien huet hinnen d’Geleeënheet ginn, sech mat Experten aus verschiddene Beräicher auszetauschen an aus éischter Hand ze erliewen, wéi hiren zukünftege Beruff kéint ausgesinn.
D’Schüler konnten tëscht 7 Ateliere wielen, déi op hir Interessen ofgestëmmt ware. Si konnten net nëmmen e wäertvollen Abléck gewannen, mee kruten och direkt Äntwerten op hir Froen.
Vill vun eisen Intervenante ware selwer am Leeschtungssport aktiv a konnten hiren individuelle Wee mat de Schüler deelen.
Mir soen e grousse Merci un eis Intervenanten fir hiert Engagement an hir Inspiratioun:
✅ Sarah De Nutte, Christine Majerus & Joris Erpelding (Lëtzebuerger Arméi)
✅ Alwin de Prins (LIHPS - BWL)
✅ Yann Wolff & Pierre Forster (Bureau d'études LSC360 - Ingénieur & Architekt)
✅ Michele Wilwerding (SCAS - Assistante sociale)
✅ Klot Kieffer (Hype - Marketing & Start-up)
✅ Mattis Noël & Pit Feltes (ACEL - Studentevertriedung)
✅ D’Studente vun der ALEM (Medezin)