En Donneschden, den 9. Januar, hu mir bei der LASEL Volleyball 2 vs. 2 mixte deelgeholl. 16 Equippen hu sech géintenee gemooss an de Niveau ass Match fir Match besser ginn. Leider hat den LGL an der Aachtelsfinall d'Nues knapp fir, esou dass se kuerz viru Schluss en zwee Punkte Virsprong matt flotte Ballwiessel nach gedréint hunn. Trotzdeem si mir houfreg op d'Resultat a soen dem Andjelina an dem Lee Merci fir hiren Asaz.