Bei enger spannender Finale huet eis ënner 14-Equipe mat enger beandrockender Leeschtung den Titel geséchert. Besonnesch erausgestach huet d'Tatsaach, datt d’Spiller sech quasi selwer gecoacht hunn – eng Roll, déi si mat Engagement a Veranwortungsgefill exzellent ausgefëllt hunn.
De staarken Teamgeescht huet sech wärend dem ganzen Tournoi gewisen. Zu all Moment blouf eis Equipe fair a respektvoll géintiwwer dem Géigner a huet esou spannend Matcher gebueden. Dëse Sportsgeescht, de Fair Play an déi staark Moral vun der Equipe weisen wat eis Schoul ausmécht.
Mir gratuléieren zu dësem verdéngte Succès.