De Sportlycée huet mat zwee Schüler um Lasel Fechten deelgeholl. D’Teresa Cuccureddu an de Robin Szekeres sinn allen zwee an der selwechter Kategorie (Minimes) ugetrueden, waren awer an zwou verschiddenen Poulen agedroen. Nodeems sech béid als éischten an hirer Poule behaapte konnt, si si an der Final géinteneen ugetrueden. Bei dësem Match konnt sech d’Teresa Cuccureddu als Gewënnerin behaapten an ass domat 1. aus der Kategorie ginn. De Robin Szekeres konnt sech déi zweete Platz sécheren.
E grousse Merci un eis zwee Athlete fir hiren Asaz a Felicitatioun fir déi gutt Leeschtung.