Den 11. an. 12 Mäi hat de Sportlycée an enker Zesummenaarbecht mat der FLBB an der FLA eng Formatioun an der Liichtathletik an der Coque fir all interesséierten Trainer organiséiert. Eng knapp 40 Participanten aus ville Beräicher a verschiddenen Altersstufen konnten sech an deenen zwee Deeg vun de Formateuren Dominic Ullrich, Kevin Rutare a Marcel Buttel inspiréiere loossen, wéi een allgemengen Athletiktraining a Liichathletiktraining ka kandgerecht vermëttelen. De Grondsaz, deen sech wéi e roude Fuedem duerch d’Formatioun gezunn huet, ass am Laf vun der Formatioun jidderengem kloer ginn: Kanner a Jugendlecher sollte beweegt a begeeschter ginn, an domat gebilt a gebonne ginn. D’Organisateuren blécken op e flotte Weekend zréck a plangen un deem nächsten Event.