Am Kader vun hirer schoulescher Orientatioun waren d’Schülerinnen a Schüler vun der 6G a 5G dësen Donneschden beim Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment zu Beetebuerg op Besuch. An dësem Stage vun engem Dag kruten si déi verschidden Handwierker a Beruffer aus dem Bausecteur virgestallt a konnten och selwer eng Hand mat upaken.