Den dësjärege Séjour pédagogique vum Sportlycée stoung ganz am Zeeche vun der Schoulentwécklung.
De Corps Enseignant an d’Mataarbechter vum Sportlycée hunn dëse wichtege Moment genotzt, fir sech gemeinsam iwwert e Konzept zur "Föderung des selbstgesteuerten Lernens" auszetauschen. Zesumme schaffe mir kontinuéierlech un eisem pädagogesche Konzept fir eis Schüler beschtméiglech op hir Zukunft virzebereeden. E grousse Merci geet un eisen externen Intervenant Murat Alpoguz fir seng wäertvoll Abléck an Ureegungen.