Mir si frou, dass mir och dëst Joer erëm eis Matinée des professions organiséiere konnten.
Zil vun dëser Matinée ass et de Schüler ee konkreten Abléck an d’Aarbechtswelt ze ginn an hinnen de Kontakt mat ënnerschiddleche Studien a Beruffer ze erméiglechen. Dëst Joer hate mir 6 verschidden Atelieren, déi no den Interesse vun de Schüler erausgesicht goufen.
Eis Invitéen hunn de Schüler hire Beruff, souwéi hier perséinlech Erfarungen op eng flott Manéier presentéiert. Vill vun hinnen hu selwer hire beruffleche Wee mat Leeschtungssport kombinéiert a konnten doduerch eise Schüler vill vun hire perséinlechen Erfarunge mat op de Wee ginn.
Dofir ee grousse Merci un d’Carole Hartmann (Droit); de Sam Ney (Relations internationales); de Louis Van Wambeke (Marketing + Management); de Jean-François Schneiders (Bauingenieur + Energiemanagement); d’Dr. Annika Lutz (Psychologie) sou wéi de Vertrieder vun der Associatioun Asemes (Medezin).