Déi lescht Woch hate mir d'Éier, ee vun deene beschte Graffitisprayer hei zu Lëtzebuerg zu Gaascht ze hunn. Zesumme mat eise Schüler huet den Yves-Laurent eng Mauer an eisem Jugendtreff gesprayt. Dobäi konnten eis Schüler hirer Kreativitéit fräie Laf loossen. Am éischte Schrëtt huet jiddereen Skizzen op ee Blat gezeechent. Uschléissend hunn si hir Iddien zesummen op ee Blat bruecht. An engem zweete Schrëtt gouf d'Mauer gesprayt. Zesumme koum ee flott Konschtwierk zestanen.