Leschten Donneschdeg ware mir mat eise Volleyball-Schüler um LASEL mixte Championnat vun de Cadets präsent. An den Halen vum AL an LAML goufe 19 Equipen a 4 Poulen agedeelt: an eiser Grupp placéiere mir eis op der zweeter Plaz, nodeems mir den éischte Match géint den LMRL verluer hunn. Déi Néierlag huet d’Equipe vum SL wakreg gerëselt an mat der néideger Konzentratioun, Spillintelligenz an guddem Equippegeescht hu mir ee Géigner nom aneren aus dem Tournoi geworf a gewannen och verdéngt d’Finall géint den LGL!
Felicitatioun un eis nei Championen: Noa, Anne-Marie, Andjelina, Milo, Akos, Maté a Lee.