Den 23. November huet eng Karate-Delegatioun aus dem Sportlycée um Kata-Championnat vun der Lasel deel geholl.
Bei de Minimes-Meedercher koum d' Lara Initini Raffaelli op déi 2.Plaz. D'Nahima Durrer an d'Maelys Rosa deelen sech déi 3.Plaz an d'Nora Pierantoni kënnt op déi 7.Plaz.
Bei den Cadettes ass den Titel un d'Anna Breisch gaang. Déi 2.Plaz krut d'Giulia de Rubeis.
Och béi den Juniorinnen koum et zu enger Finale tescht zwou Athletinnen aus dem Sportlycée. D'Mia Reding konnt sech hei géint d'Sarah Rodrigo De Oliveira duerchsetzen.
Bei de Jonge konnt de Matteo Pierantoni de Champions-Titel bei de Cadets gewannen.