Am Kader vum Jugendtreff war de Sportlycée op eng Visitt bei RTL an Eldoradio. D’Schüler kruten esou een Abkléck an Radio a Tëlee. Si konnte gesinn, ewéi Sendunge produzéiert ginn a wéi si de Wee vum Studio op de Bildschirm fannen. Duerch de Fussballmatch owes géint Bosnien-Herzegowina hu si d’Preparatioune vun enger Livesendung materlieft.
Bei Eldoradio ware si souguer live an der Sendung mam Massimo ze gesinn.