An enger flotter a gewinnt familiärer Ambiance war den 28. September ons traditionnell Soirée des récompenses. Mir gratuléieren all eise Schüler, déi duerch hier gutt schoulesch oder sportlech Leeschtungen an hiert Engagement, am leschte Schouljoer op sech opmierksam gemaach hunn! Besonnesch ervirgestach mat exzellente Resultater an hirem duebele Projet Schoul a Sport hunn d'Ehis Etute, d'Tea Galic an d'Sarah Rodrigo de Oliveira. Bravo fir déi Toppresultater!