An der Woch vum 18. September war Rentrée am Sportlycée fir d’Sportschüler, d’Enseignanten, d’Traineren an d’Personal vun de verschidde Servicer. Och d’Tuteuren haten hir éischt Reunioun.
Dëst Joer gounge 493 Schülerinnen a Schüler un de Start, verdeelt op 22 Klassen. Encadréiert a betreit gi si vu 56 Enseignanten an engem Staff vu 40 Matarbechter.