D'Schülerinnen a Schüler vun der 5G hunn de Freide 7. Juli zesumme mat hirer Regente den Abschid aus dem Sportlycée gefeiert. Am Zentrum stoung e Fussballmatch géint d'Proffen a béid Säiten si mat vill Éiergäiz a Motivatioun an de Match gaangen Trotz groussem Asaz konnten d'Proffen awer net gläichzéien an de Match ass 8:7 fir d'5G ausgaangen. Mir wënschen onse Sportschülerinnen a Sportschüler weiderhi vill Succès op hirem sportlechen a schoulesche Wee an e gudde Start an hire neie Lycéeën.