Virun der Ouschtervakanz war et esou wäit. D’ Schülerinnen an d’ Schüler vun der 4C1 konnten am Scienteens Lab um Workshop „Un avant-goût de la recherche“ deelhuelen.
An 3 verschiddenen Atelieren hu si d’Manipulatioun vun Zellkulturen entdeckt, hiren eegenen ADN isoléiert an den Modellorganismus Drosophila melanogaster kennegeléiert.
Et war e flotten an ofwiesslungsräichen Dag, deen de Schüler d’Aarbecht vun de Biologen am Laboratoire méi no bruecht huet.