Den 12. Mee haten d’ 6C1 an d’ 6C3 e flotte Workshop mam Tom Haas vun der Ëmweltschoul zum Thema „Erneuerbare Energien“. Nodeems si geléiert hunn wat Energie eigentlech ass goufen Energiequellen thematiséiert a wisou et wichteg ass, vu fossillen Energiequellen aus Länner wéi Russland oder dem Katar fortzekommen. Et muss een sech froen ob een Länner wéi dës, wou Mënscherechter net ëmmer respektéiert ginn, weider finanziell ënnerstëtze well.
Dës weidere goufen iwwert Vir- an Nodeeler vun deenen eenzelen erneierbaren Energieforme geschwat, z.B. Wandenergie, Waasserenergie a Sonnenenergie. Interessant war och ze héiere wéi Energie-Ziler hei zu Lëtzebuerg fir déi nächst Jore festgeluecht sinn. An enger Rei flotte Quizzer konnten d‘Schüler hiert Wëssen testen.