Am Kader vun engem Schoulprojet a Kooperatioun mat enger Schülerin vun der 14ème aus dem Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) ass dëse flotte Medieprojet am SLL, eng Emissioun vu Schüler fir Schüler, entstanen.
An dëser Emissioun, konzipéiert vun SLL-Schüler a begleet vum Radio ARA, héiert dir Interviewen iwwert
- den Alldag an d'Erwaardunge vun SLL-Schüler;
- den Alldag an de Rôle vum Enseignant am SLL;
- mat de Leit aus de spezifeschen SLL-Servicer, déi eis Sportschüler enk am Alldag begleeden.
Vill Spaass beim Lauschteren 😃
https://www.ara.lu/graffiti-talks/episodes/sportlycee/
Merci fir dëse gelongene Medieprojet
- dem Lisa De Moura Cabral, Schülerin am LTPES an Initiatorin vum Projet;
- dem Manon Bissen vum Radio ARA;
- eise motivéierte Schüler aus dem SLL, dem Victor Bertrand, Davide Bonfanti, Marie Drui, Ryan El Jahid, Tim Feltes, Will Gremling, Stella Heyart, Alana Krings, Elena Meysembourg, Bob Mousel, Lena Schalbar a Mia Schroeder.