Lescht Woch war den Ex-Nationalspiller (iwwer 100 Matcher) an Handballprofi Dan Ley (1. an 2. franséisch Liga) Invité am Module “Mental Training”. D’Handballspiller aus dem Sportlycée konnten heibäi Ablécker an eng Profikarriär an déi mental Aspekter an dëser kréien a vum Dan sengen Erfarunge profitéiere. De Message vum Dan war kloer, dass och Sportler_innen aus dem klenge Lëtzebuerg eng erfollegräich an international Leeschtungssportkarriär kënnen hunn, wann si dat wierklech wëllen. #passthetorch