D’Schülerinnen a Schüler aus dem Sportlycée an dem Lycée Vauban waren den 14. März am Kader vum Relais sportif #TerreDeJeux2024 engagéiert. 500 Deeg virun den olympesche Spiller zu Paräis hu Sportler an 116 verschidde Länner ronderëm de Globus bei dësem Relais matgemaach.
A Presenz vum Sportminister Georges Engel, der Ambassadrice vu Frankräich Claire Lignières-Counathe a Vertrieder vum COSL sou wéi vu Verbänn, hunn 150 Schüler/-innen zesummen un engem Frëndschaftslaf Deel geholl.
D’Schoulcommunautéit vum Sportlycée wollt dësen flotten a zukunftsweisenden Event notzen fir d’olympesch Wäerter ervirzehiewen an ee Gest vun Solidaritéit ze weisen. D’Schüler vun alle Klassen sinn dofir den 13. a 14. Mäerz an engem Solidaritéitslaf gestart fir d’Affer vun den Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien z’ënnerstëtzen. Mir soen jiddwerengem villmools Merci, deen ons mat sengem generéisen Don gehollef huet, 3175 € fir Unicef Lëtzebuerg ze sammelen.