Donneschdes, den 02.03 hunn eis jonk FLVB-Schüler de Sportlycée beim LASEL Minimes Open 3vs3 Championnat vertrueden. Fokus, Emotiounen, Nervositéit, Freed hunn eis Spiller iwwert de ganzen Tournoi begleet. Nodeems den SLL sech an der Poule ënner 7 Equippen duerchgesat huet, wanne mir och, knapps, awer verdéngt d’Halleffinall géint den LCD an d’Finall géint de LAML a ginn domat LASEL CHAMPION!
Bravo a Félicitatiounen un d’Andjelina Milic, Mahé Huveneers, Milo Mehlinger, Màté Bibel.