An der Matinée des professions, déi den 1. Februar am Sportlycée stattfonnt huet, kruten ons Schülerinnen a Schüler vun 2e a 1re interessant Ablécker an d’Beruffswelt.
D’Intervenanten, déi all aus der Sportswelt stamen, konnten dobäi op interessant Detailer iwwert hir Leeschtungen aus hirer Zäit als Athleten an aus hirem Studium an hirem Beruff agoen an hir wäertvoll Erfarungen aus der Kombinatioun vun hiren duebele Karriäre mat de Sportschüler, déi selwer um Sprong an dës spannend an usprochsvoll Welt stinn, deelen.
Am Numm vun de Schüler geet onse grousse Merci un:
Liz May (Triathletin a Juristin),
Claude Weynandt (Basketballspillerin an Doktesch),
Lis Fautsch (Fechterin a Sportmanagerin),
Chantal Gary (Handballspillerin a Projektmanagerin a Politikerin),
Ben Zeimetz (Handballspiller a Bauingenieur),
Vertrieder vun der Lunex-Universitéit.