Ënnert dem Stéchwuert ‘Skills4Life’ gëtt am Sportlycée d’Preventiounsaarbecht grouss geschriwwen. An der Woch virun der Fuesvakanz sinn traditionell déi verschidden Atelieren zur mentaler a physescher Gesondheet, Ëmwelt a Medientraining. An altersgerechten Aktivitéiten duerchlafen d’Schülerinnen a Schüler domat ganz ënnerschiddlech Etappe vun enger gelongener Dual Career a Wäertevermëttlung. Mir soen onsen internen Dual Career-Spezialisten an den externen Intervenante vu Bee Secure, Alad, Superdreckskëscht, Service médico-sportif, Service Information et Prévention vun der Ligue a Medientraining villmools Merci fir hiert Engagement.