Bei de ‘WKF Cadet, Junior and U21 World Championships 2022’ hat eng Flam-Delegatioun vun 10 Athletinnen an Athleten deelgeholl. Aus der Siicht vum Sportlycée ware mat derbäi:
Alexander Davies (Kumite Junior +76kg)
Jordan Sibille (Kumite Junior -68kg)
Málna Szabó (Kumite Cadet -54kg)
Mia Reding (Kata Junior)
Anne Steinmetz (Kata U21)
Sarah Rodrigo De Oliveira (Kata Cadet)
Victor Couturier (Kumite Junior -76kg)
Am Kata hunn d’Sarah, d’Mia an d’Anne 19,68, 21,60 respektiv 22,62 Punkten erreecht. Domat ass d’Anne an déi zweet Ronn komm, wou hat 20,82 Punkten erreecht huet.
Am Kumite sinn d’Malna an de Jordan no engem Fräilous an der zweeter Ronn mat 0:3 an 2:3 ausgescheet. No engem 2:0 Succès an der éischter Ronn, blouf et fir de Victor an der zweeter bei enger 1:4 Defaite. No engem Fräilous huet den Alexander sech an der zweeter Ronn knapp mat 3:3 misse geschloe ginn. Wéi säi Géigner an d’Finall agezunn ass, war fir hien d’Trouschtronn op. Déi zwee éischt Kämpf huet hien hei mat 8:1 an 8:0 gewonnen, konnt awer no enger 0:1 Defaite net an déi kleng Finall anzéien. Am Schlussresultat huet hien domat eng 7. Plaz erkämpft.
Mir felicitéieren onse Karateka fir hir gewonnen Erfarungen, hir Leeschtungen a villverspriechend Resultater.
(Foto: fb Flam Karate)