Den 22. September gouf am Kader vum Projet d’Etablissement eng Reunioun mat den Tuteuren organiséiert. D’Tuteure goufen do iwwert den Oflaf fir Schouljoer 2022-2023 an och iwwert déi verschidden Dokumenter déi fir den Tutorat virbereet goufen informéiert.
Den Tutorat am Sportlycée deelt sech op folgend dräi Beräicher op :
1. Training : den Tuteur soll mam Schüler sengem Trainings- a Kompetitiounsplang vertraut sinn. Hien soll och en reegelméissegen Austausch mat den Traineren hunn.
2. Schoul : den Tuteur informéiert sech iwwer d’schoulesch Leeschtung vum Schüler an huet wann néideg Kontakt mam Regent.
3. Dual Career : den Tuteur iwwerbléckt dem Schüler seng gesamt Situatioun an hëlleft wann néideg de Kontakt zu de Servicer vum Sportlycée hierzestellen.